

Aktuell hellt Luxonlineschool keng néi Schüler un.
Dëst viraussiichtlech vir déi nächst 2-3 Méint opgrond vun der héijer Belaaschtung vun eisen Studenten duerch déi grouss Demande.
Mir schaffen aktuell dorun eis Ressourcen auszebauen an eis Offer ze erweideren.

KONZEPT
Eisen Nohëllef-System baséiert ob engem Online-Modus: Den Schüler kritt Nohëllef iwwert
en "Whiteboard". Daat ass eng wäiss Tafel um Computer oder um Tablet, an déi den Enseignant sein Cours, seng Erklärungen, Exercicer etc. dranschréiwt.
Alles waat den Enseignant dranschréiwt, gesäit den Schüler "live", wéi wann en an der Klass virun der Tafel séitz.
Den Schüler kann och Sachen an den Programm schréiwen, z.B. Äntwerten ob Exercicen, déi den Prof dann direkt gesäit an verbesseren kann.
Kommunizéiert gëtt iwwert WhatsApp oder Skype.
KONZEPT
VIRDEELER
Eis Online-Nohëllef bitt vill Virdeeler géigeniwwer vun Nohëllef doheem:
-
Maximal Flexibilitéit: Mir mussen eis net déplacéieren an schaffen an der Équipe.
Doduerch kënnen mir dir schnell méi Coursen organiséieren, kuerzfristeg en neien Datum vir eng Stonn ausmachen etc.
-
Encadrement: Mir sinn vir dech iwwert deng Nohëllefsstonn hinaus disponibel.
Du hues d'Méiglechkeet, eis duerch den bewährten Online-Support vun Luxonlineschool 7/7 dringend Froen ze stellen, déi nët méi bis zur nächster Nohëllefsstonn waarden kënnen, z.B. virun enger Prüfung, bei Hausaufgaben etc.
VIRDEELER
QUALITÉIT
QUALITÉIT
Luxonlineschool ass d'Nummer 1 an der
Online-Nohëllef zu Letzëbuerg.
Mir hunn alleng dest Schouljoer iwwert
300 Nohëllefsstonnen ginn mat enger Satisfactioun vun 95%.
Eis Studenten, déi Nohëllef ginn, erfëllen selektiv Kritären an mir bidden eng Geld-Zurück-Garantie un.
Mir bidden Nohëllef an allen Fächer an ob allen Niveauxen un.

TEAM
TEAM
Mir sinn en motivéiert, dynamescht Team vun Studenten, déi d'Nohëllef zu Lëtzebuerg moderniséieren.
Mir bidden dem Schüler eng Zort vun Nohëllef, déi permanent vir hien do ass.
Mir kënnen eis perfekt mat der Online-Nohëllef aus an kënnen dem Schüler hëllefen, seng schoulesch Resultater ze verbesseren, an daat mat enger Flexibilitéit an Disponibilitéit, déi Nohëllef doheem net erlaabt.

COURSEN
Mir bidden 4 verschidden Nohëllefsprogrammer un.
Fann eraus, wéi een vir dech den richtegen ass an mëll dech un, vir séier an effizient besser schoulesch Leeschtungen mat eis ze erreechen.
Déi 1. Stonn ass emmer gratis.
Du kanns däin 1. Cours schon an der 1. Woch no der Umeldung huelen.
"PREMIUM"
Den perfekten Allround-Service. Reegelméisseg Nohëllefscoursen mat engem 7/7 Online-Support vir all Froen.
"BASIC"
Déi richteg Optioun vir Schüler, déi reegelméisseg Online-Nohëllef vun kompetenten Studenten wëllen ouni den 7/7
Online-Support.
+300 Nohëllefsstonnen
seit
September 2019
95% Satisfactioun
Nohëllef an allen Matièren
vir
all Schüler

GELD
-
ZURÜCK
-
GARANTIE
Mir sinn iwwerzeegt, dass eis Nohëllef eng ganz effizient an gutt Method ass, vir seng schoulesch Resultater ze verbesseren.
Wann's du allerdéngs mat eisem Service net zefridden wiers, bidden mir dir eng Geld-Zurück-Garantie vun 7 Deeg no der Bezuelung vun der 1. Rechnung.
Einfach eng E-Mail schreiwen an mir iwwerweisen d'Suen zeréck.
GELD-ZURÜCK-GARANTIE
COMING SOON

Webinars
Live Online-Nohëllefscoursen béi deenen den Schüler nokucken an seng Froen direkt stellen kann.
Des Webinars wäerten reegelméisseg veranstalt ginn an bidden eng méi bëlleg Alternativ zur 1-on-1 Nohëllef.

Online Video-Coursen
Online Video-Coursen vir all relevant Fächer. Sou kann den Schüler ouni Nohëllef-Student mat engem Videocours d'Matière verstoen.
Wann den Videocours net duergeet, bidden mir optional nach en personaliséierten Nohëllef-Service zu engem reduzéierten Tarif dobäi un.