top of page

KONZEPT

Luxonlineschool bitt 

ONLINE-NOHËLLEF 

un.

Hei fënns du eraus, wat dat genau ass  an wéi eng Virdeeler des modern Nohëllef vis-à-vis zur traditioneller Nohëllef doheem huet.

Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

Konzept

Luxonlineschool proposéiert Online-Nohëllef am Enseignement classique an général, vun 7ème bis ob 1ère an och am Enseignement fondamental.

Mir benotzen déi haiteg Technologie, vir eng effizient

Online-Nohëllef ze proposéieren, déi méi flexibel an disponibel vir den Schüler ass wéi Nohëllef doheem.

Daat eenzegt waats du brauchs ass en Computer oder en Tablet.

Mir hunn schon iwwert 300 Online-Nohëllefsstonnen an desem Schouljoer gehaalen an daat mat enger Satisfactioun vun 95% an mat enger starker Verbesserung vun den Resultater vun all eisen Schüler.

 

Online-Nohëllef

 

Eisen Nohëllef-System baséiert ob engem Online-Modus: Den Schüler kritt Nohëllef iwwert

en "Whiteboard". Daat ass eng wäiss Tafel um Computer oder um Tablet, an déi den Enseignant sein Cours, seng Erklärungen, Exercicer etc. dranschréiwt.

Alles waat den Enseignant dranschréiwt, gesäit den Schüler "live", wéi wann en an der Klass virun der Tafel setzt.

Den Schüler kann och Sachen an den Programm schréiwen, z.B. Äntwerten ob Exercicen, déi den Prof dann direkt gesäit an verbesseren kann.

Kommunizéiert gëtt iwwert WhatsApp oder Skype, entweder mat engem normalen Uruff oder mat engem Vidéouruff, daat kanns du bei der Umeldung selwer eraussichen.

 

1. organisatoreschen Cours

Umeldung an 1.Kontakt

Wann den Schüler sech vir en vun eisen Coursen umellt, kritt hien kuerz dorop eng E-Mail an en Message ob Whatsapp mat eiser Whatsappnummer.

Een vun eisen Enseignanten mëllt sech dann vir eng 1. Stonn auszemaachen. An där organisatorescher Stonn léieren Schüler an Student sech kënnen, et gëtt iwwert Erwaardungen un d'Nohëllef an d' Zieler an der Schoul diskutéiert.

Et gëtt provisoresch fixéiert, wéi vill Stonnen dass den 1. Mount d'Nohëllef soll sinn an och an wéi engen Fächer.

Bezuelt gëtt iwwregens emmer erréicht um Enn vum Mount vir déi Stonnen déi während dem Mount gehaal ginn sinn.

Déi 1. Stonn assgratis an kann ëmmer schon an der 1. Woch no der Umeldung geholl ginn.


Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg
Oflaf Nohëllef
Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

Wei geet et weider ?

Nodeems den Schüler seng 1. Stonn mam Enseignant hat an alles organiséiert ass, kann et lassgoen.

Ab elo fänkt den reegelméissegen Nohëllefscours un an och den Online-Support steet dem Schüler permanent zur Verfügung.

Den Schüler schéckt dem Enseignant alles, wat nei an der Schoul gemaach gouf oder seet him wéi eng Matière hien an deem nächsten Cours well traitéieren, mindestens 1 Dag virum Cours. Sou kann den Student sech perfekt preparéieren an och

z.B. schonn zousätzlech Exercicer mat Corrigéen virbereeden. 

Sollt den Schüler méi oder manner Cours benéidegen, adaptéieren mir d'Stonnen flexibel. Wann mol eng Stonn ausfällt, kënnen mir séier en Ersatzdatum proposéieren.

Online-Support

Online-Support 

Den Online-Support vun Luxonlineschool ass dat, wat eiser Meenung no dem Schüler am Effizientsten hëlleft, seng schoulesch Resultater ze verbesseren.

 

Wann den gewielten Programm Online-Support dobäi huet, kritt den Schüler punktuell Froen iwwert Whatsapp beäntwert, egal an wéiengem Fach, egal ob Theorie oder Exercicen.

 

Mir sichen eng Äntwert, schreiwen eventuell schnell den Corrigé wann et en Exercice ass deen den Schüler net versteet an äntweren dann entweder ob Whatsapp oder per Uruff, deemno wat besser passt vir d'Äntwert ob d'Fro ze ginn.

 

Esou kann den Schüler beim eegestännegen Léieren all Fro déi opkënnt direkt beäntwert kréien. Gréisser Saachen, déi net verstanen sinn, ginn dann, wann se net dringend vir eng Prüfung sinn, an den reegelméissegen Nohëllefscoursen opgeschafft.

 

Besonnesch kuerz virun Prüfungen kann den Online-Support ganz vill hëllefen.

 

Eisen Online-Support completéiert also perfekt déi reegelméisseg Coursen an encadréiert den Schüler zu 100%.

Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg
Virdëeler

VIRDEELER VUN DER

ONLINE-NOHËLLEF

Original.png
Flexibiltéit
Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

FLEXIBILITÉIT

Doduerch dass eis Nohëllef reng online leeft, mussen eis Studenten an d'Schüler sech net deplacéieren an si kënnen sech ëmmer an iwwerall mateneen connectéieren.

Dat an den Fait, dass mir am Team schaffen, erlaabt eis et, dem Schüler maximal Flexibilitéit unzebidden. 

Wann den Schüler eng Kéier en Cours keng Zäit huet, kënnen mir séier en alternativen Datum proposéieren. 

Mir sinn ganz flexibel. D'Zuel vun den Coursen kann zu all Moment erop- oder erofgesat ginn.

Nohëllef vun Studenten
Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

NOHËLLEF VUN STUDENTEN

 

Bei Luxonlineschool ginn nëmmen Studenten Nohëllef.

All Student den Nohëllef gëtt huet sein Lycée zu Lëtzebuerg gemaach an kann sech doweinst gut an dem Schüler seng Lag versetzen.

Eis Studenten haaten all d'Mention "Excellent" an deenen Fächer, an denen sie Nohëllef ginn.

Encadrement
Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

ONLINE-SUPPORT

 

Den Online-Support vun Luxonlineschool bitt dem Schüler ganz nei Méiglechkeeten, déi et an der traditioneller Nohëllef net ginn.

Mir sinn permanent erreechbar vir all dem Schüler seng Froen, déi beim eegestännegen Léieren opkommen, direkt ze beäntweren. 

Doduerch ass den Schüler gutt encadréiert an d'Verständnis vun der Matière fält him méi einfach.

Vun grousser Bedeitung ass den Online-Support z.B. virun Prüfungen, bei Hausaufgaben etc.

Mir sinn den "Nohëllefsprof", deen ëmmer un denger Säit ass, vir dech perfekt virzebereeden!

FROEN? KONTAKTÉIER EIS!

Merci vir deng Noriicht! Mir äntweren dir sou séier ewéi méiglech.

bottom of page