top of page

QUALITÉIT

Original.png

Et ass eist Ziel, den Schüler zu hiren beschtméiglechen schouleschen Resultater ze verhëllefen.

Dofir leeën mir gréissten Wäert ob gutt Qualitéit an der Nohëllef déi mir ubidden.

Quali-Link
Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

Wat definéiert d'Qualitéit vun Luxonlineschool

​1. Eis Studenten schwätzen  all Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch an haten an hiren Fächer, an deenen se Nohëllef ginn,  d'Mentioun"Excellent".​

2. Den Cours bei Luxonlineschool passt sech un dem Schüler seng Bedürfnisser un. Mir versichen maximal Flexibilitéit ze bidden.

3. Mat eisem optionalen Online-Support bidden mir dem Schüler d'Méiglechkeet, zu all Zäit seng Froen ze stellen an schnellstméiglech eng Äntwert ze kréien. 

+300 Nohëllefsstonnen

seit

September 2019

 

95% Satisfactioun

Nohëllef an allen Matièren

vir

all Schüler

GZG
GELD
-
ZURÜCK
-
GARANTIE

Mir sinn iwwerzeegt, dass eis Nohëllef eng ganz effizient an gutt Method ass, vir seng schoulesch Resultater ze verbesseren.

Wann's du allerdéngs mat eisem Service net zefridden wiers, bidden mir dir eng Geld-Zurück-Garantie vun 7 Deeg no der Bezuelung vun der 1. Rechnung. 

Einfach eng E-Mail schreiwen an mir iwwerweisen d'Suen zeréck.

GELD-ZURÜCK-GARANTIE

Team

Eist TEAM

Luxonlineschool besteet aus engem dynameschen an motivéierten Team vun Studenten.

Nohellef Letzebuerg, Nachhilfe Luxemburg, Cours d'appui Luxembourg

 

Luxonlineschool, dat ass eng Equipe vun Studenten, déi hiren Lycée zu Lëtzebuerg absolvéiert hunn an elo an villen Stied an Europa studéieren.

Mir schaffen zesummen als en jonkt, dynamescht an motivéiert Team, vir den Schüler eng Nohëllef unzebidden, déi si optimal fördert.

Den Founder vun Luxonlineschool huet 2018 d'Première am Athénée als 2. beschten Schüler vun der Sektioun C am Land ofgeschloss an studéiert elo Medezin zu München.

Andeems hien oft traditionell

Nohëllef doheem gehalen huet, sinn him déi vill Schwaachpunkten dorunner opgefall.

Hien huet dunn d'Initiativ geholl,  Luxonlineschool ze grënnen vir eng Alternativ zur traditioneller Nohëllef ze bidden.

bottom of page